D'Hochzäit vum Paul a Pascal
&
de 50. Gebuertsdag vum Paul
Äer Gaaschtgeber
Pascal a Paul
Wie sinn si?
An alles wat dir schon immer iwwert si wësse wollt...
Loosst eis eis kuerz virstellen:
De Pascal ass den Athlet, de "Fitness-Boy". Hien huet seng Passioun zu sengem Beruff gemaach, an deem hien elo méi wéi 25 Joer schafft. Wann hie fréier mat Zuele jongléiert huet, sou schwéngt hien elo mat sengen Hänn a Féiss.
De Paul ass méi de musikaleschen Typ, dee munchmol och léif Pavaroteddy genannt gëtt. Obschonn hie gär séngt, schafft hien awer am Bildungsberäich mat Jugendlechen a jonken Erwuessener mat speziellem Fërderbedarf.
Als Mr Bear Luxembourg 2020-2022 engagéiert de Paul sech zënter bal 3 Joer offen fir d'Rechter, d'Offenheet, d'Gläichheet an d'Zesummeliewen vun der LGBTQI Gemeinschaft.
Mir hunn eis am Oktober 2004 am Wellnesszenter zu Munneref getraff. De 14. Februar 2005 hu mir decidéiert hir Relatioun ze offizialiséieren. Dësen Datum ass natierlech net zoufälleg gewielt, mee well de Vältesdag einfach fir jidderee vun eis gutt ze behalten ass. . 😉😅
Mir sinn also säit 17 Joer eng Koppel (offiziell).
Den 11. Juni 2022 ass elo e weidere wichtegen Dag an eisem Liewen. Den Dag wou mir eis Partnerschaft als bestuete Koppel aschreiwen.
Mir si frou dass dir all bei eis sidd a mat eis feiert.
Dir maacht dëse ganz speziellen Dag nach méi schéin.
Pascal & Paul
D' "Chic & Choc" Feier
Didd iech "Chic" un, mee setzt dobäi en Touch vun "Choc" op.
Oder kommt an engem "Choc" Outfit a füügt eng Pointe vun "Chic" dobäi.
Dëst ass eng Invitatioun, souguer eng frëndlech Empfehlung, kreativ ze sinn an der Auswiel vun äere Kleeder.
Virun allem sinn eis Hochzäit an dem Paul säi Gebuertsdag eng Feier, eng Party wou jidderee invitéiert ass fir sech z'amuséieren.
Paul & Pascal
Wéi confirméiert dir , dass dir um Fest mat dobäi sidd?
Hei drënner si 5 verschidden Eventfelder déi mir iech kuerz erkläre wëllen.
Wann Dir Froen hutt, stellt se gären am Feld "Kontakt" (ganz ënnen).
1.
"Hochzäitsfest"
(La fête de mariage)
Klickt hei wann dir dat ganz Fest mat eis wëllt feieren, d.h. bei dem Aperitif, dem Owesiessen an der Partynuecht mat dobäi sidd.
Dëst ass déi bescht Wiel!
2.
"Just den Aperitif"
(Uniquement l'apéritif)
Dir kënnt nëmme fir en Aperitif kommen an net fir d'Iesse bleiwen?
Dann reservéiert dës Optioun.
3.
"Just Hochzäitsiessen & Partynuecht"
(Uniquement le dîner & soirée)
Klickt hei just wann Dir nëmmen fir d'Iessen kënnt kommen an net fir den Aperitif do sinn.
4.
"The Wedding Party".
Dëst Evenement ass fir all déi, déi weder fir den Aperitif nach fir d'Iesse kënne kommen, awer trotzdem mat eis feieren wëllen an dofir eréischt méi spéit op d'Feier wëlle kommen.
5.
"Reservéier en Hotelzëmmer"
(Réservation Chambre d'Hôtel)
Dir hutt mat eis gefeiert, een oder méi Glieser gedronk, oder dir sidd bis zum Schluss op der Danzpist bliwwen, an wëllt dofir net heem goen?
Dëst ass déi bescht Léisung!
Bleift eng Nuecht am Hotel, entspaant iech a feiert mat der nei bestueten Koppel um Sonndeg Brunch.
Klickt einfach op dëst Feld a reservéiert dein Zëmmer.
Nëmmen invitéiert Gäscht kënnen sech fir déi verschidden Eventer umellen a se buchen!
D'Hochzäitsfeier an de Gebuertsdag fannen hei statt:
Hôtel Le Royal
12, Bvd Royal
L-2449 Luxembourg
D'Parkplaz am Hotel ass gratis fir d'invitéiert Gäscht.
Nom de votre service
Gratuit
Loosst iech dat net entgoen!
Sidd op der Hochzäit vum Pascal a Paul a beim Paul sengem Gebuertsdag mat dobäi!
E kulinaresch Genoss, eng flott Ambiance a vill Iwwerraschungen waarden op iech.
Mir zielen op iech.
Nom de votre service
Gratuit
Dir kennt just just fir den Aperitif bleiwen?
Freet iech drop mam Paul a Pascal unzestoussen.
Iwwerraschungen waarden op Iech.
Nom de votre service
Gratuit
Dir kënnt nëmmen fir d'Owesiesse kommen?
Wëllkomm.
Sëtzt Iech hin a genéisst den Owend.
Nom de votre service
Gratuit
Dir kënnt weder fir den Aperitif, nach fir d'kesse kommen?
Da kommt op d'Party an danzt mat eis.
Nom de votre service
Gratuit
Wëllt Dir no der Party am Hotel bleiwen an net heem goen?
Näischt méi einfach wéi dat!
Mellt Iech hei un an da gëtt en Zëmmer fir Iech am Hotel "Le Royal" reservéiert.
E Sonndeg de Moien erwaart Iech vun 12.30 Auer un e leckere Brunch.
Bleift am Hotel a verbréngt de Sonndeg mam Pascal a Paul.
OPGEPASST:
D'Zuel vun de "Participanten" entsprécht hei der Unzuel vun den Hotelszëmmer!
An engem Hotelzëmmer kënne bis zu 2 Leit sinn..
De Präis ass pro Zëmmer - net pro Persoun.
225€ duebel Besetzung - traditionellt Zëmmer, inklusiv Moiesiessen.
200€ Eenzelbesetzung - traditionellt Zëmmer, inklusiv Moiesiessen.
D'Moiesiessen enthält net de Brunch.
De Betrag gëtt direkt am Hotel bezuelt.
Keng Hochzäitslëscht
mee eng Spuerbécks
Wann Dir zu eisem Gléck bäidroe wëllt, kënnt Dir en Don fir eis Hochzäitsrees op eiser Paradäisinsel maachen.
Verschidde Online-Méiglechkeeten iwwer e QR-Code oder eng Handysnummer (Paypal. Payconiq, LyfPay) ginn hei ënnen ugebueden.
Dir kënnt och Ären Don den Dag selwer vun der Feier an enger Këscht ofginn, déi fir dësen Zweck opgestallt wäert ginn.
Scannen
Bezuelen
Fäerdeg!
Schéckt äere Geldcado
un
+352 661 123 105
oder un
+33 6 22 91 31 32
Scannen
Bezuelen
Fäerdeg!
D'Hochzäit vum Pascal a Paul
Hôtel Le Royal
12, Bvd Royal
L-2449 Luxembourg
Vos paramètres de cookies actuels empêchent l'affichage de contenu émanant de Google Maps. Cliquez sur “Accepter et afficher le contenu” pour afficher ce contenu et accepter la politique d'utilisation des cookies de Google Maps. Consultez la Politique de confidentialité de Google Maps pour plus d'informations. Vous pouvez retirer votre consentement à tout moment dans vos paramètres des cookies.